Bauerendemo Juni 2016

Eng 50-60 Baueren aus der Belsch haten sech gëschter op de Wee op Lëtzebuerg gemaach, fir beim Conseil vun den EU-Agrarministeren géint déi aktuell niddreg Mëllechpräisser ze manifestéieren. Eng 37 Trakteren haten d'Place de l'Europe um Kierchbierg blockéiert. Hei e kuerze Réckbléck op des Manifestatioun, déi aus Siicht vun der Police ouni gréisser Zwëschefäll ofgelaf ass.